Miau & Co asbl

Mir sinn e puer Leit déi sech schonn zanter Jore privat ëm kleng Babydéieren këmmeren. Well mir elo schonn esou oft vun verschiddenen Veterinairen drop ugeschwat gi sinn, hu mir eis dozou decidéiert eng Asbl ze grënnen an déi dann och hei public ze maachen.

Mir kréien eis Butze vu verschiddenen Veterinären, Privatleit asw. Déi kleng komme bei eis, sief et dass d'Mamendéieren sech net kënnen ëm hir Baby'e këmmeren, dass si fonnt ginn oder aus wéi enge Grënn och ëmmer.

Déi kleng Bëbeeë ginn da bei eis mat vill Léift ëmsuergt an opgepäppelt.

Cat

Wie si mir?

Who We Are

Mir sinn eng agedroen Asbl déi sech ënner anerem ëm kleng verloosse Bëbeekaze vun 0-12 Woche këmmert. Déi kleng Butze kréie mir z.B. vu Veterinairen, Privatleit asw. Si ginn da bei eis mat vill Léift ëmsuergt an opgepäppelt. Déi meescht vun eisen neie Matbewunner sinn eréischt 1-2 Deeg al wann si bei eis kommen a mussen da mindestens all 2 Stonnen nach mat spezieller Puddermëllech fir Katzen aus der Fläsch gefiddert ginn.

Wann si da schonn e bësse méi grouss sinn (ëm déi 3 Wochen) kréien si speziellt Baby Naassfudder wou all déi Närstoffer dra sinn déi si brauche fir grouss a staark ze ginn.

Esoubal wéi si 1.000-1.300 Gramm, also gutt 1 Kilo schwéier si, kréien eis Bëbeeë dann hir éischt Impfung a ginn entwuermt. No engem Mount kréien si dann déi 2 Impfung a ginn nach eng Kéier entwuermt.

Mat 12 Woche sinn si dann al genuch fir bei hir nei Famillen ze goen. Hiert néit Doheem siche mir mat vill Suergfalt eraus, woubäi mir de Léit dann och ëmmer un d'Häerz leeë fir hir nei Matbewunner chippen an operéieren ze loossen esoubal si al genuch sinn.

Well mir vill Fudder- an och Veterinaireskäschten hu, si mir natierlech op all Zort vu Spenden ugewisen. Dofir wann eis Aarbecht iech interesséiert an dir eis gären ënnerstëtze wëllt, da kënnt dir dat gäre mat enger Fudder- oder Geldspend maachen.